
Eise Service Vakanzebetter bitt Iech eng Offer un zäitlech begrenzten Openthalter fir eeler Mënschen souwéi Persounen mat ageschränkter Mobilitéit an eise Senioreresidenzen un.
D’Angebot un Vakanzebetter riicht sech haaptsächlech un dräi Situatiounen:
- Familljen, déi eng fleegebedierfteg Persoun betreien an temporär an d’Vakanz goe wëllen, oder déi sech erhuele wëllen.
- Persounen, déi sech no engem Spidolsopenthalt an enger Rehabilitatioun oder Genesung nach net prett fillen rem ezréck Heem ze goen.
- Eeler Persounen, déi sech gären mat enger Fleegstruktur méi vertraut wëlle maachen.
Eist Ziel ass, en Openthalt fir Clienten ze erméiglechen, déi wärend hirer Vakanz net op eng fleegeresch Betreiung verzichte kënnen oder wëllen.
Eis qualifizéiert Ekipp begleet Iech bei Besoin ronderëm d’Auer a suergt fir eng héichwäerteg Betreiung a garantéiert en Openthalt ouni Suergen.
Zousätzlech Informatiounen zu eise Vakanzebetter op eiser Websäit.