
Päiperléck - Äre Gesondheets Partner am Alldag!
Bei Iech doheem oder an eisen Seniorenresidenzen proposéieren mir Iech eng personaliséiert Approche fir all Är Gesondheetsbedierfnesser. Päiperléck steet Iech 24/7 zur Verfügung a begleet Iech mat sengem mobile Fleegedéngscht am ganze Land.
Hautdesdaags ass Päiperléck eng lëtzebuergesch Entreprise vun 2. Generatioun, déi am Beräich vun der Fleeg täteg ass an a ganz Lëtzebuerg aktiv ass. Päiperléck ass am Beräich vun der Ënnerstëtzung an der Fleeg spezialiséiert a bitt senge Clienten den ausgibegste Service un.
Därzäit verfüügt d’Entreprise iwwer 5 Strukturen fir Betreit Wunnen zu Kanech, Bissen, Befort, Schengen a Weidingen souwéi 3 Structures d'Hébergement pour Personnes Âgées zu Kanech, Bissen, Rodange a 1 Seniorenresidenz zu Esch-Uelzecht:
- D'Seniorenresidenz Am Wéngert zu Kanech - Betreit Wunnen a SHPA mat Unité Adaptée (Februar/Mäerz 2023)
- D'Seniorenresidenz Am Park zu Bissen - Betreit Wunnen, SHPA mat Unité Adaptée a Appartementer fir Senioren (August 2022)
- D’Seniorenresidenz Eisknippchen zu Weidingen/Wiltz – Logement Encadré mat Unité Adaptée (2021)
- D’Seniorenresidenz Petite Suisse zu Befort – Logement Encadré (2017)
- D’Résidence Les Jardins de Schengen zu Schengen – Logement Encadré (2015)
- D’Seniorenresidenz Bel-Âge zu Esch-Uelzecht – CIPA (2011)
- D’Residenz Parc Ronnwiss zu Rodange – SHPA (2009)
Päiperléck verfüügt ausserdeem iwwer 7 Dagesfoyeren/CJPA (Kanech, Bissen, Bettembourg, Esch-Uelzecht, Rodange, Befort a Weidingen), eng Palliativ-Ekipp Nuets Päiperléck, dat ronderëm d’Auer am ganze Land täteg ass, souwéi Vakanzebetter fir zäitweileg Openthalter. De mobile Fleegedéngscht ass am ganze Land ronderëm d’Auer verfügbar.
Weider Infoen iwwert eisen Reseau op eiser Websäit.