
POST Luxembourg ass den éischte Bedreiwer vu Postservicer an Telekommunikatioun am Land. Eist Zil ass et, d'Kommunikatioun an d'Iwwerdroung vun Informatiounen, Daten an Inhalter tëschent Privatleit an Entreprisen zu Lëtzebuerg an op der Welt ze vereinfachen. Mir bidden eng breet Palette vu Produkter a Servicer ronderëm Postoperatiounen (Bréiwer, Päck, virfrankéiert Verpackungen, ageschriwwe Bréiwer), Philatelie, Fest- a Mobiltelefonie, mobilt Internet a 5G, souwéi Finanzoperatiounen (CCP-Konten, Geldophiewen, asw.) un. Fannt all praktesch Informatiounen op eiser Websäit. Fir all aner Froen, kontaktéiert eis ënner 8002 8004.