Den Ingenieursbüro ProSolut S.A., mam Sëtz zu Wecker, gouf 1998 vu véier befrënnten Ingenieuren gegrënnt, déi schonn zënter e puer Joer als Ingenieur-Beroder zu Lëtzebuerg zesumme geschafft hunn. Doduerch konnten déi véier Acteuren aus verschiddenen Ingenieursberäicher vun Ufank un kompetent a héichwäerteg Servicer an der gegrënnter Firma ubidden.
Dës „Firmenphilosophie“ gëtt bis haut vun de Grënner erhale, engersäits an hirer aktiver Aarbecht un verschidden Projeten an anerersäits duerch hir engagéiert Mataarbechter. Zënter méi wéi zwee Joerzéngte huet d'Firma sech domat entwéckelt fir haut e bekannten an unerkannten Déngschtleeschter um lëtzebuergeschen Aarbechtsmarché ze ginn.
Mat ProSolut S.A. hutt Dir eng kompetent Equipe, déi Äre Projet an Är Froen mat Engagement an enger breeder Palette vun Erfarung iwwerhëlt.