
radio 100,7 sent 24 Stonnen den Dag a bitt, senger Missioun entspriechend, kulturell a musikalesch Programmer, Nochriichteberichterstattung an eng Plattform fir déi soziokulturellen Associatiounen zu Lëtzebuerg. Musikalesch huet de Radio vill ze bidden: Funk, Blues, Unplugged, Indie Rock, Elektronesch Musek, Heavy Metal, Pop, Jazz, Klassik a villes méi.Reegelméisseg gi Lëtzebuerger Kënschtler am Programm virgestallt. An all Dag gëtt et klassesch Musek: an der Woch am Live-Magazin Resonanzen an um Weekend duerch d'Iwwerdroe vu Concerten. Mam Opus 100,7 kruut de radio 100,7 2023 ee Geschwësterschen - den éischte Klassiksender hei am Land.
radio 100,7 a Kuerzfassung:
De gréisste Concertssall:
- Klassesch Concerten, déi live iwwerdroe ginn
- Partnerschaften mat ville klasseschen an net-klasseschen Museksfestivaller
- Vill Musek vu Lëtzebuerger Kënschtler
Ee wichtege Forum:
- Fir een onofhängege Journalismus
- Ee Fokus op relevant an aktuell Themen
- Noriichtesendungen a Programmer zur voller Stonn
- Interviews a Features am laange Format
Eng kreativ Plattform:
- E Labo fir lëtzebuerger Schaafe vu Musek
- Prix de fiction radiophonique
- Investitiounen an déi kulturell Produktioun (Honorare, Copyright, Produktion, Prix de fiction radiophonique)
D'Radioprogrammer vum 100,7 kënnen empfange ginn:
- op der Frequenz FM 100,7 MHz an am Norden vum Land op der Frequenz 95,9 MHz
- iwwer déi meescht Kabelnetzer am Grand-Duché
- als Live-Stream
- als Podcast iwwer d'Online-Mediathéik ënner 100komma7.lu, an der 100,7-App an an der Radio-Player-App