Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Restaurant-Pizzeria Chez Toni

          Restaurant 1 Rue des Artisans L-3812 Schifflange (Schëffleng)
          Kuck d'Nummer 54 44 22 Itinéraire Websäit Online Reservéieren Letzshop

          Iwwer Restaurant-Pizzeria Chez Toni

          • Zougang fir Behënnerten
          • Parking
          • Hond/Hënn erlaabt
          • Terrass

          E Cafe´ an deem Geleee¨ntlech och emol hausgemaachen Nuddelen a Pizzaen aus dem Holzuewen zerwe´iert goufen, domat hat deemools fir d’Famill Ceccacci alles ugefaangen. An dat wat am Joer 1972 vum Antonio Ceccacci a senger Fra Christina initie´iert gouf, ass bis haut d’Se´il vum Haus bliwwen. Den Holzuewen an deem d’Pizzaen haut gebak ginn, huet net change´iert. De´i hausgemaachen authentesch Pasta mam italienesche Know-How ass bliwwen. An awer huet de Restaurant, deen ze¨nter 1991 an zweeter Familljegeneratioun vum Luigi a Sylvie Ceccacci gefouert ge¨tt, a laange Wee hannert sech an ass net stoe bliwwen!

          Wien am Betrib an an aus geet, mierkt ganz Se´ier datt hei eng familia¨r Ambiance herrscht an eng cosy Atmospha¨r. “D’Gesiichter si nach e¨mmer de´i na¨mmlecht” he´iert een dacks vun de Clienten. An effektiv: d’Personal wat Deels scho wa¨it iwwer 20 Joer do schafft, huet se´cherlech och dozou ba¨igedroen datt d’Haus an der Handwierkerstrooss fest verankert a net ewech ze denken ass.

          D’Kichen de´i een hei zerwe´iert kritt ass authentesch a gourmanzesch! Zënter Jore gëtt hei och op lokal a saisonal gesat: mat zum Beispill dem Le¨tzebuerger Re¨ndsfleesch wat zerwe´iert ge¨tt oder de “Suggestiounen” de´i reegelme´isseg iwwerschafft ginn, fir dem Client ëmmer nees Neiegkeeten ze propose´ieren a saisonal Produiten ze verschaffen. Ma¨ natierlech bleift de Fokus op de´i bele´iften hausgemaachen italienesch Kichen.

          2022 marke´iert de Restaurant “Chez Toni” e besonnescht Joer: de 50. Anniversaire! Aus Clienten de´i schonn 1972 eng Pasta zu zwee iesse komm sinn, sinn haut multigenerationell-Familljende¨scher ginn. Deen Zenario ha¨tt een sech 1972 kaum erdreeme gelooss!

          Eis Artikelen

          Kontakt Persounen