Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Sandrine's Pony Express

          Sozialpädagogesch Begleedung 20 Rue d'Altrier L-6238 Breidweiler (Präiteler)
          Déngt ganz Lëtzebuerg
          Kuck d'Nummer 691 719 404 Itinéraire Websäit

          Iwwer Sandrine's Pony Express

          • Zougang fir Behënnerten
          • Parking

          Wëllkomm bei Sandrine's Pony Express.


          Sicht Dir eng Aktivitéit fir déi ganz Famill?


          Sicht Dir e „Pony-Club“ fir Är Klengsten?


          Sicht Dir eng onvergiesslech Aktivitéit fir Är Arrichtung oder eng Plaz fir e Gebuertsdag?


          Da kommt bei Sandrine's Pony Express.


          Mat mengen Ponye schaffen ech reitpädagogesch.


          Meng Déngschter si fir Mënschen all Alters a jiddwer Liewenssituatioun geduecht. Dozou gehéieren eeler Leit, Mënschen mat Behënnerung, Familljen a Gruppe vun Institutiounen (Schoulklassen, Crèchen, Heemer ...).


          Ech schaffen haaptsächlech op Ufro:


          • Éischte Kontakt mat de Ponye fir déi Kleng.


          • Zäit am Stall: Erlieft eng gemittlech Zäit am Stall mat de Ponye: heemelen, kämmen, botzen, spadséieren ...


          • Spadséiergang mat de Ponye: Mat der Famill oder Frënn kënnt Dir e perséinleche Spadséiergang op déi schéinste Plaze vun der Regioun buchen.


          • Gebuertsdeeg: Feiert de Gebuertsdag vun Ärem Kand um Bauerenhaff tëscht Héngeren a Ponye.


          • Gruppenbetreiung: Ech empfänken Gruppen wärend, an ausserhalb der Schoulzäit, souwéi an de Schoulvakanzen. Gruppen vu Kanner bis hin zu Senioren a Mënschen mat Beannträchtegunge sinn häerzlech wëllkomm. Mir sinn mobil, a kommen och op Ufro bei Iech.


          • Fester: Bei private wéi och ëffentleche Fester sinn ech mat menge Ponye ënnerwee, fir fräi Begeignungen z'erméiglechen. D'Ponye an ech hunn vill Erfahrung a Gedold mat dëser Aart Asätz.


          • Kutsch fueren: Gënnt Iech en exklusive Moment an der Natur mat der Kutsch an mengen Miniatur-Ponye. Mat max. 100 kg (alleng oder mat engem Kand) sidd Dir häerzlech wëllkomm.


          Ech freeë mech, Iech kennenzeléieren an eng flott Zäit mat iech a menge Ponye ze verbréngen.


          Kontaktéiert mech haut nach, fir Är Auszäit aus dem Alldag ze buchen!

          Eis Artikelen

          Kontakt Persounen