
Sanichaufer Toitures, mat Sëtz zu Foetz, ass Äre Spezialist fir qualitativ Héichleeschtungen am Beräich vun Dëcher – fir Privatleit an den ëffentleche Secteur.
Zënter iwwer 50 Joer setzen eis passionéiert a qualifizéiert Ekippen hir Expertise an den Déngscht vun eisen Clienten. Ob Neiopbau, Entretien oder Reparatur – mir bidden zouverlässeg, sécher a nohalteg Léisungen fir all Typ vun Daachaarbechten.
Mir reagéieren séier bei Noutfäll, fir Äert Daach an Äert Doheem oder Gebai z‘erhalen, egal bei wéi engem Wieder.
Eis ganzheetlech Servicepalette ëmfaasst ë. a. d’Zimmereiarbechten, Blengereien, Dëcherdeckungen an Dichtheet, esou wéi och innovativ Léisungen:
- Transformatioun vun Diecher
- Installatioun vu Liichtschächten a Daachfënsteren
- Wäermisolatioun – traditionell oder ökologesch
Sanichaufer Toitures steet fir Zouverlässegkeet, Qualitéit a Clientsnähe – Är éischt Adress fir Daachléisungen, déi iwwerzeegen.