D’Bauentreprise SAS-BAU Lux Sàrl zu Wäisswampech steet bei senge Cliente fir Zouverlässegkeet a Qualitéit um Bau.
Déi am Joer 2007 gegrënnten Entreprise huet sech zu engem gefrote Partner an alle Baufroen entwéckelt - vum Neibau an Ëmbau bis zur Moderniséierung, Sanéierung a Renovéierung.
Kompetenz um Bau beweise mir eise geschätzte Cliente Dag fir Dag op en neits mat engem motivéierten Team vu Fachaarbechter - an der Planifikatioun an Ausféierung, am Héich- an Déifbau, am ëffentleche wéi och am private Secteur.
Mir begleeden de Bauhär vum Planifikatiounsprojet iwwer Autorisatiounen, den eigentleche Bau, d'Abrénge vu perséinleche Wënsch an Ufuerderunge bis hin zum Eraplënneren.
Succès heescht fir eis, datt Dir mam Resultat vun eiser Aarbecht zefridde sidd. Als zouverlässege Partner si mir och nach fir Iech do, wann d'Bauphase scho laang ofgeschloss ass.
Mir bleiwe fir Iech e kompetenten Uspriechpartner, iwwer déi gesetzlech Garantie eraus.