
SCHNEIDER IT MANAGEMENT
ass Ären éischte Choix fir Online Services, Software-Lizenzen an d’Gestioun dovunner.
Honnerte vun Entreprisen weltwäit notzen d’Expertenservicer vun SCHNEIDER IT MANAGEMENT an kafen all Online Services a Software zu deene beschte Konditiounen.
Mir sinn d’Experten fir Lizenséierung, liwweren Iech all Software, déi um fräie Maart disponibel ass, a géréieren Äre Software-Portefeuille.
Mat eiser exceptionneller globaler Lizenséierungsexpertise bidde mir iech déi richteg Lizenzen am richtege Lizenzprogramm an zu deene beschte Konditiounen.
Mir beroden Iech onofhängeg, a mat eise Managed Services kritt Dir e besseren Abléck an Är Software-Notzung an den Asaaz vun Online Services, fir Käschten ze reduzéieren an Zäit ze spueren.
Eis Clienten
Mir stäerken Entreprisen. Weltwäit.
Mat Haaptsëtz zu Lëtzebuerg ënnerstëtze mit grouss multinational Konzerner a mëttelstännesch Entreprisen aus alle Branchen an Europa a weltwäit.
Mir hunn Erfahrung am Ëmgang mat deene komplexeste Conventiounen mat Zéngdausende vun Utilisateuren a bal 100 Länner.
Mir sinn houfreg drop, d’Lëtzebuerger Regierung an hir Ministèren, ëffentlech Verwaltungen, Gemengen an Organisatiounen an de Beräicher Gesondheetswiesen, Transport, Finanzen a Kommunikatioun ze ënnerstëtzen.
Eis Aarbechtsethik
Dir sidd ons éischt Prioritéit.
Mir hunn eng Méthodologie, déi sech um Client orientéiert. Aus deene ville méiglechen Lizenséierungsoptiounen fanne mir ëmmer déi bescht Szenarien fir Är finanziell, technologesch a strategesch Ziler. Mat eisen detailléierten Simulatioune fir alternativ Lizenséierungsmodeller, Lizenkonsolidéierung an Aspuerungen bei de finale Käschten fanne mir déi optimal Lizenséierungsléisung fir Iech.
Eist Team
Héich qualifizéiert. Erfueren. Zertifizéiert.
Eist zentralt Team vun héichqualifizéierten Experten zu Lëtzebuerg weist zesummen iwwer 100 Joer Erfahrung op an de Beräicher Software-Lizenséierung an Online Services. Zousätzlech zu eisem Team zu Lëtzebuerg hu mir och lokal Beroder an der Belsch an an Däitschland.
Mir schwätzen net nëmmen Däitsch, Englesch, Franséisch, Lëtzebuergesch, Spuenesch an Rumänesch, mee och Kloertext iwwer Lizenséierung, fir dass Dir déi richteg Entscheedungen treffe kënnt, wann et ëm Online Services, Software-Lizenzen an d’Gestioun dovunner geet.
Als “Entreprise Formatrice” si mir déi éischt Firma zu Lëtzebuerg, déi de Beruff “Kaufmann/-frau für Digitalisierungsmanagement” ausbildt.
Microsoft
Microsoft Software Advisor fir Enterprise Agreements (EA)
Mir sinn d’Nr. 1 vun de Microsoft Licensing Partner zu Lëtzebuerg an deen éischte Choix als Software Advisor fir Äert Microsoft Enterprise Agreement (EA).
Mir sinn deen éischte Microsoft Licensing Solution Provider (LSP) mat Haaptsëtz zu Lëtzebuerg a betreien Honnerte vun Entreprise Enrollments am kommerzielle Beräich a fir staatlech Institutiounen mat villen 100.000 Uwender weltwäit.
Am Kader vun eisen Déngschtleeschtungen als Äre Software Advisor bidde mir éischtklasseg Lizenséierungberodung an onbegrenzt Optiméierungssimulatiounen a ginn Iech kompetent Äentwerten op all Är Lizenzfroen. Mir sinn dee Microsoft Partner zu Lëtzebuerg mat deenen am beschten ausgebildten Lizenzexperten a kennen d’Microsoft-Lizenzkonditiounen, déi sech stänneg änneren, wéi och de Maart.
Microsoft Online Services & Software Distributioun
Dorwiwwer eraus si mir dee beschte Choix fir all aner Microsoft Lizenzprogrammer:
Mat onsem eenzegartegen Usaaz zur Lizenzoptiméierung vergläiche mir all disponibel Optiounen, fir Iech déi bescht Kombinatioun aus Online Services & Software ze offréieren, déi genee op Är Ufuerderungen zougeschnidden ass.
Well mir direkt vu Microsoft bezéien, kënne mir zu virdeelhafte Konditioune weiderverkafen.
Microsoft Azure
Azure bitt eng grouß Collectioun vun Déngschter, dorënner Platform as a Service (PaaS), Infrastructure as a Service (IaaS) a géréiert Datebankdéngschter.
Mir verkafen all Azure-Déngschter a berechnen se transparent weider.
Ons zertifizéiert Azure-Experten optiméieren Äre Microsoft-Azure Environnement, fir dass Dir dee beschte Notzen aus Ären Azure-Servicer zéie kënnt.
Software
Déi meescht Entreprisen notze Standard-Software wéi Microsoft 365 a verfollegen zousätzlech eng Multivendor-Strategie mat aanere Software-Produzenten, fir hir ganz spezifesch Online Services a Software Ufuerderungen ze erfëllen. Mir decken alles of: Microsoft- a Multivendor-Berodung an Distributioun vun Online Services a Software- Lizenzen.
Mir versuergen Iech mat allen Online Services a jiddfer um fräie Maart disponibler Software.
Joer fir Joer liwwere mir onse Clienten zouverlässeg Honnerte vu verschiddene Software-Produkter aus internationale Quellen.