
D'Roll vum SIDOR besteet an der globaler Gestioun vun den Offäll vun den 34 Gemengen am Süden an am Zentrum vu Lëtzebuerg. Dës Regioun zielt 415.000 Awunner, wat zwee Drëttel vun der Bevëlkerung vum Land ausmécht. Nieft der Verbrennung vun den Offäll an hirer energetescher Valoriséierung, ëmfaasst dës global Gestioun och d'Informatioun an d'Sensibiliséierung vun der Ëffentlechkeet souwéi d'stänneg Sich no neie Léisungen, mat dem Zil, d'Quantitéiten vun den Offäll ze reduzéieren an d'Verbrennung strikt op net valoriséierbar Offäll ze limitéieren.
An hirer Anlag zu Leideleng, der eenzeger Verbrennungsanlag vum Land, behandelt SIDOR d'Offäll vun senge 34 Membergemengen, wat 120.000 Tonnen Offäll pro Joer entsprécht, souwéi en Deel vun den Reschtoffäll vum SIDEC (46 Gemengen) an dem SIGRE (22 Gemengen). Dat ergëtt insgesamt 167.000 Tonnen Offäll pro Joer, déi zu Leideleng verbrannt ginn.