
TS CONCEPT ass Ären Expert fir Trapen an Interior Design zu Lëtzebuerg zanter 2008:
Trapen erweideren Horizonten a verbannen Niveauen – vun optesch zeréckhalend bis op ganz extravagant. An do tëschent ginn et dausend Méiglechkeeten. Sou wéi Dir Iech et wënscht a wéi et zu Ärem Wunnstil passt. Bei der Gestaltung sinn Iech bei eis keng Grenze gesat. Dir fannt bei eis zäitlose funktionell Trapen, sou wéi modern an ausgefale Modeller wéi och ganz speziell Fabrikatiounen.
D’Renovatioun ass bei den rezent héischen Bau- an Immobilienpräisser méi interessant ginn. Hei si mir Ären kompetenten Uspriechpartner a ënnerstëtzen Iech beim Austausch vun Ärer aler Trap géint eng nei Trap. Ob klassesch oder modern, Holz, Metall oder Glas - mir fannen d’passend Trap fir Är Renovatiounsprojet an Ären Budget. Wann néideg, demontéieren an entsuergen mir Är al Trap direkt mat. Séier, präiswäert a gutt.
Abauschief, Dressingen a Strauraumsystemer bidden Iech déi elegant Manéier vun Uerdnung. Stauraumsystemer op Moos fir Äert Zëmmer, Äre Büro oder Ären „Home Cinema“. Vill verschidde Méiglechkeete sinn a vill verschidden Ausféierunge kombinéierbar. Mir beroden Iech gären, an hëllefen Iech dat passend ze fannen.
Schibedieren fir e méi schéint Wunnen, Bauen a Renovéieren no Äre Wënsch a mat eisem Stauraumsystem kombinéierbar. Vun zäitlos bis modern bidde mir Iech eng ganz Palett vu Méiglechkeeten. Emmer individuell an op d’Moos.
Natural Stone Finish ass déi eenzegaarteg mineralesch Beschiichtung fir Uewerflächen op Naturstengbasis. Ideal fir Neibau an Renovéierung vun Trapen, Bieden, Wänn an och Miwwel! Bieden mat aale Plättercher oder Trapen mat aalen Plättercher ginn mat NSF wéi nei. Kontaktéiert eis!
Den Tino Schreier a seng Equipe freet sech ob Ären Besuch am TS CONCEPT Showroom zu Wecker (Biwer).
Froot w. e. gl. eng rendez-vous fir dat mir Iech kennen perséinlech beroden: Tel. 270 774-1. Merci!