Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Weber & Cie Sàrl

          Bétongsproduit, Betongsmaschinn an Betongswierk 24 Marbuergerstrooss L-9764 Marnach (Maarnech)
          Kuck d'Nummer 92 15 55 Itinéraire Websäit Kontakt Zerwisser Straßen, Tiefbau und Infrastrukturen

          Iwwer Weber & Cie Sàrl

          • Zougang fir Behënnerten
          • Lift

          D'Firma Weber et Cie S.à r.l. gouf am Joer 1931 vum Nicolas Weber gegrënnt. Mat den zwee einfache Grondwäerter "Qualitéit an Traditioun" viru sengen Aan, huet den Nic. Weber d'Basis vun engem laangjäregen Erfolleg erschaaft, deen lo schon säit 4 Generatioune besteet. Genau dës zwee Grondwäerter fënnt een am Logo vun der Firma erëm. Dese besteet aus 2 Häckeger déi d'Grondwäerter an d'Philosophie vun der Firma erëm spigelen. Am Laaf vun de Joren huet d'Firma sech erweidert an ass an enger ganzer Reih vu Servicer täteg. D'Schwéierpunkte leien awer haaptsächlech am Déif- a Stroossebau, dem Gaart- a Landschaftsbau an an der Produktioun a Liwwerung vu Beton. 


          Obwuel d'Firma Weber et Cie, am Joër 2012, sech duerch de Bau vun neie Büro'en an engem neien Atelier, an och eng Ëmstrukturéierung an der Administratioun erlieft huet, bleift se nach ëmmer ee klassesche Familljebetrib. Ënnert den 95 Mataarbechter kennt jiddereen sech; dëst féiert zu engem angenehmen a frëndlechen Aarbechtsklima.


          Wann Dir wëllt méi Informatiounen iwwert eis Qualitéiten, Produkter a Servicer kréien, dann zéckt net eis unzeruffen.


          Eis Artikelen

          Kontakt Persounen