D' Konscht vun enger architektonescher Beliichtung besteet doranner eppes ze gesinn ouni alles ze weisen, fir dass d'Illusioun an den Dram weider erhalen bleift. Dësen Aspekt an engem Beliichtungskonzept ass ganz wichteg an dofir muss et gudd duerchduecht an geplangt sinn, fir eng harmonesch an gemittlech Atmosphäre ze kreéieren. Am Beräich vun den techneschen Beliichtungen ginn et präzis Normen fir är geschäftlech Reim auszeliichten, déi mir mat Iech beschwätzen an ëmsetzen kennen. Bei eis kritt der déi Beliichtung déi am beschten zu Iech passt.
T'Kréeieren vun ekologeschen an economeschen Beliichtungskonzepter, Berodung bei der Verkabelung vun ären EDV Projeten ass nëmmen en Deel vun eisem Service deen mer Iech ubidden kënnen.
sensLight bidd Iech net nëmmen eng Gamme vun bekannten Beliichtungsmarken un, mee och nei an innovativ Marken fann der hei. D'LED Technologie ass Zukunft an dofir hun mir och an dësem Beräich eng passend Léisung fir Iech bereet. Ob Privat oder Firma, kommt bei eis laanscht an loosst Iech iwwerraschen.