
Den 18. August 1980 huet de Marc Bertholet säin eegene Betrib « Peinture et Décors Marc Bertholet » zu Leideleng gegrënnt. Mat engem Léierbouf huet de Betrib ugefaangen an all Joer si méi Gesellen dobäi komm. Nëmmen ee Joer no der Grënnung vum Betrib gouf e méi grousst Haus zu Leideleng kaaft, wou den Familljebetrib nach bis haut seng Atelieren huet.
2003 huet dunn och dem Marc säin jéngste Fils Jeff decidéiert, sengem Papp an d'Usträicherhandwierk nozegoen.
Iergendwann koum dann och Zäit fir sech lues a lues aus dem Betrib zeréckzezéien, an deenen zwee motivéierte Jonken hir Chance ze ginn. Ufank 2013 gouf dunn aus « Peinture et Décors Marc Bertholet » deen neien Betrieb « Peinture et Décors Marc Bertholet et fils S.à.r.l »
Ënnert der Leedung vum Marc sengen Bouw Jeff Bertholet ginn nach ëmmer all Aarbechten ewéi Bannenaarbechten (z.B. Tapezéieren, Buedem verleeën, Dekoratiounsaarbechten...) a Baussenaarbechten (z.B. Fassaden) ugebueden. De lëtzebuergesche Familljebetrieb huet sech moderniséiert a besteet haut aus 10 Gesellen an 2 Léierboufen, déi Hand an Hand schaffen, fir de Wënsch vum Client gerecht ze ginn. Mir soen op dësem Wee alle Gesellen a Léierbouwen, an all eise Clienten, fir déi mir geschafft hunn an nach wäerte schaffen ee grousse Merci, well ouni si all wäre mir lo haut net do wou mir lo sinn.