Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Marbrerie Hary

          Marber, Granit an Natursteen 1 A Rue de l'Avenir L-3895 Foetz (Feiz)
          Kuck d'Nummer 55 20 02-1 Itinéraire Websäit Kontakt Notre métier

          Iwwer Marbrerie Hary

          • Parking

              Am Laaf vun deenen leschten 100 Joer ass t Marbrerie Hary zu engem richtegen Wohrzeechen ginn fir t Branche vun der Marbrerie zu Lëtzebuerg. Et ass eis zevirkommend Mentalitéit, an eis onermiddlech Sich no Qualitéit an Innovatioun déi eis et erméiglecht huet eis Stellung vun haut ze erreechen, ouni t Traditiounen vun gëschter ze vergiessen.

          Säit 1918 schaffen mir Daach no Daach mat Häerz an Leidenschaft am Natursteen. Equipéiert mat dëser Astellung, an mat eiser exzeptioneller Erfahrung vun gläich 100 Joer, realiséieren mir all t Wënsch vun eisen Clienten, egal op zu Lëtzebuerg oder am Ausland.

          Eis Devise : « Den Kapp fir t Professionalitéit an eiser Aarbecht, t Häerz fir t Leidenschaft an eisem Handwierk, an den Bauch fir t Schafen vun eiser Zukunft. »

          Eis Aktivitéiten deelen mir an zwou grouss Rubriquen :

          Eis Servicer am Beräich « Wunnen » :

          • Aarbechtsplaquen fir Kichen :
            Dir sidd op der Sich no enger neier Kichen mat enger Aarbechtsplaque aus Natursteen oder Quarz? T Marbrerie Hary ass net nemmen Hiersteller vun Kichenaarbechtsplaquen fir vill Lëtzebuerger Kichenhändler. Mir verkafen eis op t Mooss geschnidden Aarbechtsplaquen och op Demande, direkt un den privaten Client. Su kennen mir Iech är Aarbechtsplaque zu engem Hierstellerpräis, ouni ären Cuisiniste als Tëschenhändler ubidden. Dëst erméiglecht eis fir Iech ze garantéieren, dass dir den beschten Preis kritt, ouni op Qualitéit oder Service ze verzichten. Bestellt är Aarbechtsplaque bei eisem Fachpersonal zu Féitz, mir këmmeren eis em den Recht: Opmoossen vun ärer Aarbechtsplaque bei Iech Doheem mat professionellem Equipement, Produktioun sur-mesure, an Pose vun ärer Aarbechtsplaque. An dat an Collaboratioun mat ärem Kichenhändler.
          • Trapen :
            T Marbrerie Hary baut-, verleet-, renovéiert, an reparéiert är Trapen. Egal ob am Haus, oder do baussen.
          • Buedembelag / Dallage :
            T Marbrerie Hary verleet-, renovéiert, an reparéiert ären Buedembelag aus Natursteen. Egal op am Haus, oder do baussen
          • Buedzëmmer :
            Dir hätt gären een neit Buedzëmmer, oder wëllt äert Buedzëmmer renovéieren? Eis speziell forméiert Aarbechter këmmeren sech mat Freet ëm all t Aarbechten am Natursteen: Douche Italienne, Buedem- & Wandverkleedung, Tablette & Lavabo, asw.
          • Fenstertabletten :
            T Marbrerie Hary stellen Iech är Fenstertabletten hier, an dëst sur-mesure an zum Hierstellerpräis.

          Eis Servicer am Beräich « Kierfecht »

          • Monumenter an Columbariumen :
            T Marbrerie Hary hëlleft Iech, mat eiser frëndlecher an kompetenter Berodung, bei ärem Choix fir een Monument fir äert Graf. Dës weideren reparéieren an restauréieren eis erfahren Aarbechter äert Monument mam héchsten Standard de Qualité.
          • Schrëften :
            Mir fixéieren / gravéieren Schrëften op är Monumenter an Grafsteng.
          • Op- / Zoudecken vu Monumenter & Service de Fossoyage :
            No engem Stierffall këmmeren mir eis em t Opdecken vum Monument, em den fossoyage, an em t Zoudecken vum Monument. An dëst 24h op 24.
          • Service de Nettoyage :
            T Marbrerie botzt äert Graf fir Iech. An dëst mat enger erfahrener Hand an professionellem Equipement.
          • Caveauen:
            T Marbrerie Hary verkeeft an poséiert Caveauen.

          Eis Artikelen

          Kontakt Persounen